Céline Braconnier
Psychologin a Hippotherapeute
« Es besteht immer Hoffnung, dass unser Leben sich verändern kann, weil wir jederzeit Neues lernen können.»
— Virginia Satir
About me
Diploméiert vun der Universitéit Bréissel (Belge), hunn ech am September 2024 als selbststänneg Psychologin ugefaang.
Mat véier Joer Erfarung am psycho-soziale Beräich (SePAS) souwéi an der Equipe de
soutien des élèves à besoins spécifiques (ESEB) am Lycée du Nord zu Wooltz, hunn ech
vill Experienzen an der schoul- a psychosozialer Begleedung gesammelt.
Ech sinn och zertifizéiert Hippotherapeute vun der Ecole Belge d’Hippothérapie, wat mir
erméiglecht, eng therapeutesch Ënnerstëtzung mat der Hëllef vun de Päerd unzebidden.

Meng Aarbecht
Ech bidde Consultatioune fir Kanner, Jugendlecher, jonk Erwuessener, Familljen a
Erwuessener un. Meng Approche baséiert sech op kognitiv a verhalenspsychologesch
Therapie, mam Zil, all Persoun an hiren emotionalen a mentalen Erausfuerderungen ze begleeden.
- Schoulesch Schwieregkeeten
- Angscht, Angschtstéierungen a Stress
- Verhalensstéierungen
- Emotioune reguléieren
- Traumas
- Aarbecht un sech selwer an d’Verbesserung vum Selbstbewosst sinn
- Wuelbefannen erëmfannen an sech selwer entdecken.
Ech bidden och Consultatioune mat der Hëllef vun Ieselen oder Päerd beim Eselhaff zu
Rulljen an am Reitstall zu Eschduerf un.

Aarbechtsmethod
An enger rouegen a wëllkommendem Ëmfeld begleeden ech d’Persounen op hirem Liewenswee, andeems ech hinnen hëllefen, schwiereg Situatiounen ze iwwerwannen an déi Persoun ze entdecken, déi si wierklech sinn.
Déiergestützte Therapie mam Iesel oder Päerd huet och vill Virdeeler, egal ob sozial,
psychologesch oder mental, wéi zum Beispill d’Fäegkeet, seng Gefiller a Emotiounen
auszedrécken, d’Selbstbewosstsinn an d’Vertrauen ze entwéckelen, seng perséinlech Fäegkeeten an Ressourcen ze entdecken, d’Entdeckung vun der eegen Identitéit, den aktuelle Moment ze fërderen, d’Konzentratioun ze verbesseren an d’Management vu Stress an Angscht.
D’Consultatiounen, déi ech ubidden, si fir all Persoun personaliséiert, am Zesummenhang mat de verschiddene Strategien a Techniken, duerch déi ech geléiert hunn.

Kontakt
Centre Plurisanté Rosière
2, rue des Tondeurs
L-9570 Wiltz
*Nëmmen op rendez-vous: Dir kennt mech kontaktéieren fir d’Aschreiwung op der Waardelëscht